Mir wëllen net bleiwen
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Lëtzebuerg |
| PremiĂšre | 15. Juni 2010 |
| Dauer | 110 min |
| Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
| Ekipp | |
| Regie |
Pascal Becker Yann Tonnar |
| Dréibuch |
Pascal Becker Yann Tonnar |
| Fotografie |
Carlo Thiel Jean-Louis Sonzogni |
| Musek | Serge Tonnar |
| Produzent | Nicolas Steil (Iris Prodctions) |
| Schauspiller | |
| keng (Documentaire) | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no LĂ€nner - Film no Genre | |
Mir wëllen net bleiwen ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Pascal Becker a vum Yann Tonnar iwwer Lëtzebuerger, déi ausgewandert sinn. En hat den 18. Juni 2010 PremiÚre.
Ăm wat geet et am Film?
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]De Film portraitĂ©iert Leit, meeschtens LĂ«tzebuerger, dĂ©i d'Decisioun geholl hunn, anzwousch anescht wĂ©i an hirem Gebuertsland ze liewen. E suivĂ©iert de rĂ€iche GeschĂ€ftsmann Jos Spartz an Indonesien, d'Mariette Braquet, eng frĂ©ier DirektiounssekretĂ€rin an engem Luxusbuttek, dĂ©i am Niger eng EntwĂ©cklungs-ONG gegrĂ«nnt huet, d'Famill Elsen, dĂ©i Baueren a Kanada gi si well se zu LĂ«tzebuerg net genuch Terrain haten, an de Claude Sternberg, de wĂ©inst sengem Glawen op Jerusalem ausgewandert ass. Eng fĂ«nneft lĂ«tzebuergesch-sĂŒdafrikanesch Famill ass op LĂ«tzebuerg geplĂ«nnert, fir hir Kanner an enger friddlecher ĂmgĂ©igend opwuessen ze loossen.[1]
De Film geet der Fro no, firwat dës Leit emigréiert sinn an hannerfreet dem Lentz sÀi Motto aus dem Feierwon: Wëlle si bleiwe wat se sinn? Wat wëlle se sinn? Wou wëllen se sinn?
Produktioun
[Ànneren | Quelltext Ànneren]D'Initiativ fir de Film geet op de Produzent Nicolas Steil zeréck, deen e Film aus dem Fotograf Raymond Reuter sengem Buch 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt aus dem Joer 2003 wollt maachen. Dofir huet hien d'Regisseuren Pascal Becker a Yann Tonnar engagéiert. No e puer Méint Recherche hu si nëmmen ee Personnage aus dem Buch zeréck behalen, de Jos Spartz an Indonesien.[1]
D'Musek gouf vum Regisseur Yann Tonnar sengem Brudder Serge Tonnar produzéiert.
1.778 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken.[2]
Kritik
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]
Le montage est intelligent, souvent surprenant et un peu décalé, [...] et les interviews sont sincÚres, on sent que les interviewés étaient en confiance [...] sa seule faiblesse : de sauter sur l'agaçante idéologie dominante, ici comme en France, sur l'identité nationale qu'il faudrait définir, fixer, étudier, au lieu de la considérer comme un organisme mouvant.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Referenzen
[Quelltext Ànneren]- 1 2 3 land.lu: Peau de veau vum Josée Hansen (17. Juni 2010)
- â alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
